Meng Fotoen

Fir datt de Styling besonneg schéi gëtt, wier et wichteg datt s du kee Make-up op denger Haut häss an deng Hoer den Owend virdruner wäschs a keng Produkter dra mëss.

Den Dag virun der Seance, kanns du dir gaeren deng Been epiléieren/raséieren an acrèmen.

Gaere kanns du deng Fangeren- an Zeiwenneel natierlech loossen oder an enger heller Faarw fierwen.

Fir datt keng Trace vu Strëmp oder Kleedungsstécker op dengem Kierper sinn, wir et gutt deng Strëmp erofzerullen a vun der Kleedung eppes gemitleches unzedinn wou keng Ofdréck hannerléist. Gaere kanns du och en Iewescht undinn, wou s’du gutt iwwert de Kapp ausgedoe kriss nom Styling.

MAKE-UP & HAIR

01.

BY CELINE FELTGEN MAKE-UP ARTIST

Wann s du ukënns gëss du vum Céline, vun Céline Feltgen Make-up Artist, empfangen a kanns dech a seng Hänn beginn.

Vum Céline gëss du mat engem natierleche Make-up a mat engem natierleche Hoerstyling verwinnt. Dëse Styling gëtt ganz op dech ofgestëmmt.

Während dengem verwinn Moment mam Céline, kriss du eng Coupe (non-alcool/alcool) a kanns dir mat Bio Leckereien d’Zäit verséissen.

YOUR BEAUTY

AM ATELIER

02.

MAM TANIA

Nom dengem Moment beim Céline kommen ech dech sichen a mir ginn ee Stack erop an den Atelier.

Zesumme kucke mir wat s’du matbruet hues vun Ennerwäsch an entscheede wat s du während denger Seance undees.

Du fënns och eng Garde-robe an der s du dir kanns ee besonnegt Kleedungsstéck fir deng Seance auswielen. Hei waarde kuscheleg Pulloveren, kuscheleg Jacketen, Kimonoen a verschidde Längten, Voilen a Schaler op dech.

No der Auswiel kanns du dech an d’Buedzëmmer undoe goen, wou ee kuschelege Buedmantel op dech waart a kënns erëm bei mech an den Atelier.

see it

DENG FOTOSEANCE

03.

MAM TANIA

Zeréck am Atelier fänke mir mat denger Fotoseance un.

Hei kann s du dech faale loossen an einfach däi Moment genéissen.

Während der ganzer Seance stinn ech op denger Säit fir dech ze leeden an dir déi verschidde Positioune firzeweisen.

Gäere kënne mir ufänken an Ënnerwäsch mat engem kuschelege Pullover a wann s du dech da wuel fills an Ënnerwäsch aleng oder och oben ohne. Mir ginn do ganz an dengem Rhythmus

Mir werten zesummen danzen, gutt laachen an dech ganz vill feieren!

and love it

mäi wonsch fir dech

Ech freeë mech immens mat dir, dëse besonngege Moment kënne festzehalen.

Tania